Taka_Tuka_1 kleines Format


1998 ass den Orchester TAKA TUKA an d’Liewe geruff ginn. Den Ensemble, dee virun 10 Joer als interne Projet am Institut St. Joseph zu Betzder ugefaang huet, weess an der Zwëschenzäit säi Publikum zu Lëtzebuerg an am Ausland mat Freed an Energie ze begeeschteren.
 
Den Orchester besteet aus 12 feste Memberen, déi regelméisseg zesummekomme fir ze prouwen, an och Optrëtter a Projete virzebereeden. Net nëmme musikalesch ass den Ensemble zënter séngem Bestoen zesummegewuess, mee och Frëndschaft ass e wichtegt Element am Orchester TAKA TUKA. Dat héiert een an der Musik, déi duerch e staarken Gruppeklang geprägt ass, an awer jidferengem Plaz fir seng Individualitéit léisst.
 
Den Enthusiasmus, mat deem d’Museker vun TAKA TUKA un d’Saach eruginn, huet och vill aner Artisten inspiréiert. Ausgangspunkt fir d'Produktioun vum zweeten CD, deen dës Zesummenaarbecht dokumentéiert, war den 10-järegen Jubiläum vum Orchester.

Wat dësen Orchester ënner anerem auszeechent, ass d’Zesummespill vu Museker mat engem geeschtegen Handicap an établéierten Artisten aus verschiddene Museksrichtungen. D’Klangwelt vum Orchester TAKA TUKA besteet zu engem groussen  Deel aus rhythmeschen Elementer, déi sech mat Aflëss aus Jazz a World Music verbannen, an der Improvisatioun vill Raum loossen. Verdreemte Melodien, kräfteg Rhythmen a roueg Momenter versetzen een an nei Welten an Atmosphären. Mat Musek, dei aus dem Moment eraus entsteet, a visuellen Elementer, déi dës Kläng ënnermolen , schaaft den Orchester eng ganz besonnesch Atmosphär a mécht all Optrëtt zu engem eemolegen Erliefnes.